Zu Lëtzebuerg ass d’Ausbildung am Handwierk dual organiséiert. D’Schüler gi souwuel an d’Schoul, wéi och an de Betrib. D’Léierpersonal an den ëffentleche Schoule besteet an dësem Beräich och zu engem gudden Deel aus Meeschteren. Wéinst hirem ënnerschiddlechen Diplom, engem Meeschterbréif amplaz engem akademeschen Diplom, ginn si am ëffentlechen Déngscht awer fir déi nämmlecht Aarbecht anescht bezuelt, wéi hir Beruffskolleegen. Och déi pedagogesch Modalitéiten ënnerscheeden sech zum Deel staark vun aneren Ausbildungsweeër. De Fred Keup huet der Regierung dozou eng Rei parlamentaresch Froe gestallt.
- Wéi héich ass den Taux d’Échec bei der Handwierksausbildung?
- Wéi attraktiv ass d’Handwierk an eisen ëffentleche Schoule representéiert?
- Wéi ee Stellewäert hëlt d’Handwierk am ëffentlechen Déngscht an?
- Hei fannt Dir d’Äntwert vun der Regierung.
- Wéi hält d’Regierung et mat der Unerkennung vum Meeschterbréif am ëffentlechen Déngscht?
- Wéi gesinn d’Beruffschance mat enger ofgeschlossener Handwierksausbildung aus?