D’REgierung schéngt sech net driwwer opzereegen, datt de Bensinn an den Diesel an Däitschland kinnt méi bëlleg ginn, wéi zu Lëtzebuerg. DAt sot den Transportminister allzäit an der RTL-Emissioun “Dir hutt d’Wuert” vum 30. Mee. Grond fir de Fernand Kartheiser, eng parlamentaresch Fro ze stellen, dréngend, well déi däitsch Moossnamen den 1. Juni a Kraaft getruede sinn. Et ass allerdéngs net fir d’éischt, datt dës evident Drénglechkeet vun der Fro net unerkannt ginn ass …