“Home-Delivery”: Deloyal Konkurrenz vun enger Liwwer-Firma?

Eng Liwwerfirma trickst a beut Leit aus. Handelt et sech em eng Illegal Praxis?

Hei zu Lëtzebuerg ass eng Firma bei der “Livraison à Domicile” bannent kuerzer Zäit Leader vum Marché ginn. Déi ass e gutt Stéck méi bëlleg wéi aner Ubidder. Den Trick ass datt des Entreprise d’Livreuren net als Salariéen astellt ma als sougenannt “Prestataires de Services” iwwer e Freelance-Kontrakt. Déi betraffen 200 bis 300 Livreuren ginn op des Manéier ausgebeut. Dem Gesetz no, mussen déi Concernéiert eng TVA-Nummer hunn a sech selwer bei der Sécurité Sociale umellen. Dat schengt awer kaum de Fall ze sinn.

Deel dëse Post: